Zerknujelt Geschichten

An esou war et emol … 
… mä et kéint awer och anescht gewiescht sinn …
A wann et da méi wéi 7 Zwerge waren?
Oder wann den Draach dës Kéier e Prënz amplaz vun enger Prinzessin entféiere géif?
A wann et dann NET d’Dauwe waren, déi dem Hänsel seng Broutgrimmele gefriess hunn?
Mat „Zerknujelt Geschichten“ huelen eis d’Laureate vum Lëtzebuerger Literaturconcours 2021, de Marc Weydert an d’Marie-Isabelle Callier, sou wéi scho mat „Verdruddelt Geschichten“, a Versform, mat enger gesonder Portioun Humor an enger Rëtsch vläicht an de Vergiess gerodene Lëtzebuerger Ausdréck mat an d’Welt vum Märchen, der Fabel an der Seechen.
Mä passt op, och dës Kéier kéint de Schluss aneschters sinn ewéi gewinnt!